Déifferdeng soll an Zukunft méi sécher ginn
Déi 26 Mesuren, déi um Donneschdeg virgestallt goufen, sollen dobäi hëllefen, fir géint Drogekriminalitéit virzegoen.
De Ruff vun Déifferdeng huet an de leschte Joren nawell gelidden. D'Stad am Südweste vum Grand-Duché gëllt als beléifte Plaz fir den Drogenhandel an aner kriminell Aktivitéiten. Fir dat ze änneren, hunn d'Gemeng an d'Police zesummen ee lokale Sécherheetsplang ausgeschafft, deen um Donneschdeg presentéiert gouf. D'Mesuren aus dësem Plang sollen zesumme mat Partner aus de Beräicher Soziales, Pedagogik a Präventioun ëmgesat ginn. De Marc Hoscheid war sech op Déifferdeng ee Bild maachen.
Moies géint eelef Auer mécht den Déifferdenger Parc Gerlache een zimmlech friddlechen Androck. Beim Ausschaffe vum lokale Sécherheetsplang gouf de Parc allerdéngs als gréissten Hotspot vun der Kriminalitéit detektéiert. Vum Nomëtte bis an déi spéit Nuecht ginn hei reegelméisseg Alkohol an illegal Droge consomméiert, Kaméidi gemaach a Knascht hannerlooss. Virun allem d'Clientë vun engem bestëmmte Café falen negativ op, ouni datt de Proprietär vum Etablissement eppes derfir kéint. Fir d'Situatioun zu Déifferdeng ze verbesseren, setzt een u verschiddene Punkten un.
Sophie Hoffmann, Directeur régional adjoint vun der Regioun Sud-Ouest: "Et si Plazen identifizéiert ginn, wou mer méi Policepresenz, méi Policepatrullen a méi Visibilitéit wäerten hunn. Op där anerer Säit wäerte mer awer och méi preventiv schaffen, dat heescht mir wäerten an d'Schoule goen an do Coursen halen, sief et am Beräich vun der Jugendkriminalitéit, den Drogen oder der Gewalt am Allgemengen."
Nieft méi Policepresenz, aktuell schaffe ronn 60 Beamten am Kommissariat, wënscht ee sech zu Déifferdeng och Videokameraen am Parc Gerlache. Dem Policeminister Henri Kox no gëtt aktuell gepréift, ob eng Videoiwwerwaachung néideg ass an, falls jo, wéi se konkret ëmgesat kéint ginn. Zu Déifferdeng ass een op alle Fall dovun iwwerzeegt, datt dës Mesure komme muss.
Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun Déifferdeng: "Dat ass vun de Leit gefrot ginn an et steet am aktuelle Koalitiounsprogramm, a mir probéieren eis dorun ze halen. Den Här Minister huet jo gesot, datt Etüden am Gaang sinn an da kucke mer wéi déi ausginn. De Problem bei allem ass, et brauch Zäit an da gëtt déi Zäit, déi gebraucht gëtt fir eng uerdentlech a koherent Decisioun ze huelen, ëmmer sou duergestallt, wéi wann näischt géif geschéien."
Et wier een awer op engem gudde Wee, weist sech d'Buergermeeschtesch optimistesch. Eng Erausfuerderung wier allerdéngs, datt sech d'Sécherheetsgefill vun de verschiddene Generatiounen deels staark vuneneen ënnerscheet. Ma och wann een et ni jidderengem gerecht maache kéint, wéilt ee weider dru schaffen, Déifferdeng zu enger Stad ze maachen, an där d'Majoritéit vun de Leit gäre wunnt.