Déi aktuell Déifferdenger Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch geet net méi mat an d'Walen d'nächst Joer.

Si hat bei de Walen 2017 déi fënnefmeeschte Stëmme bei deene Gréngen an ass am Hierscht 2019 Buergermeeschtesch ginn, wéi de Roberto Traversini wéinst der Gaardenhaischen-Affär zréckgetrueden ass.

Op Nofro sot eis Buergermeeschtesch, déi lescht Jore wieren "eng super Erfarung" gewiescht. Si hätt d’Gemeng mat Freed geleet, mä mat 65 Joer wier et fir si elo un der Zäit, fir hir Prioritéiten anescht ze setzen.

Déi Gréng vun Déifferdeng hunn en Donneschdeg hir Kandidate fir d'Walen am Juni 2023 presentéiert. Spëtzekandidate sinn de Schäffe Paulo Aguiar an d'Manon Schütz, Gemengeréitin a Kopresidentin vun déi Gréng Déifferdeng. Och déi aner Gréng Schäffe Laura Pregno a Paulo de Sousa wëllen et nach ee mol wëssen, grad wéi d'Conseillère Georges Liesch an Nicole Wohl. De Fränz Schwachtgen geet net méi mat. Et wier eng Lëscht tëschent Kontinuitéit an Erneierung, sou déi Gréng vun Déifferdeng.