Vill Kanner zu Lëtzebuerg schwätzen doheem franséisch, portugisesch, kapverdianesch, italienesch oder spuenesch.

Alles romanesch Sproochen, déi dem Franséische méi no leien. Fir deem Rechnung ze droen, leeft zënter der Schoulrentrée am September 2022 e Pilotprojet fir SchülerInnen op franséisch z’alphabetiséieren.

RTL op Visitt an de Pilotklassen an der Fiels an zu Schëffleng

4 Grondschoulen aus de Gemenge Fiels, Déifferdeng, Diddeleng a Schëffleng maache mat. RTL war de Cycle 1 an d’Fielser Schoul besichen, grad ewéi de Cycle 2.1 aus der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng.

An de Spillschoulsklasse goufen d’Kanner och iwwert di lescht Jore schonn iwwer Spiller, Lidder a Geschichten mat der franséischer Sprooch a Kontakt bruecht. Am Kader vum Pilotprojet gëtt d’Franséischt lo just nach méi intensiv an de Schoulalldag integréiert an d’phonologesch Bewosstheet vun deene Klenge gëtt gestäerkt.

9 Stonne Franséisch pro Woch, Niewefächer op Lëtzebuergesch

Vum 1. Schouljoer un dann awer ännert méi. Iwwerdeems an den traditionellen Schoulklassen d'Kanner fir d'éischt op Däitsch Liesen a Schreiwe léieren an dat Franséischt méi niewelaanscht leeft, hunn d'SchülerInnen an der Pilotklass am Cycle 2.1 néng Stonnen d'Woch franséisch. Och d'Rechne gëtt op Franséisch gehalen an Däitsch als Fach mécht am 1. Schouljoer just eng Stonn d'Woch aus.

An den Niewefächer ginn d'Kanner aus dem "däitschen 1. Schouljoer" an dem "franséische Cycle 2.1" gemëscht an d'Coursen ginn op Lëtzebuergesch gehalen. Villes gëtt awer och op Däitsch a Franséisch iwwersat, sou dass keng Sprooch ze kuerz kënnt.

Positiven Tëschebilan

No annerhallwem Trimester gëtt ee positive Bilan gezunn.

Et misst ee, wann eng Aktivitéit oder Aufgab erkläert géif, net méi souvill iwwersetzen, fir datt d'Kanner d'Konzept all verstinn. Aus Erfarung kéint ee soen, datt d'Kommunikatioun op Däitsch vill Schülerinnen géif iwwerfuerderen. Och wa se zum Beispill rechne kéinte, géife se dacks Feeler maachen, well se d'Aufgab falsch interpretéiert hätten.

E weidere Plus wier dass frankophon Elteren elo méi kapabel wieren, fir hire Kanner bei Hausaufgaben ze hëllefen.

Modell als méiglech Alternativ ubidden

Déi Kanner déi de "franséische Schoulwee" elo via de Pilotprojet ageschloen hunn, zéien deen och bis d'Enn vun der Grondschoul duerch.

Et wier e Modell, dee sécherlech net fir all Schüler a Fro kéim. Ma et sollt een en als komplementar Offer zu der klassescher Alphabetiséierung op Däitsch kënnen asetzen. Do, wou et Sënn mécht. Mam Zil, all Kand déi selwecht Bildungschance kënnen ze ginn.