Den Edward ass Kanadier an ass 71 Joer al. Säi Lidd, "The Differdange Song", ass eng Zort Libeserklärung un d'Stad, déi hien opgeholl huet.

Den Edward ass Strummert, schléift dobaussen. An dacks gesäit een hien a seng Gittar zu Déifferdeng am Park. A well dem Edward säin "The Differdange Song" esou gutt bei der Gemeng ukoum, gouf elo och nach de passende Videoclip gedréint. An dee soll och hëllefen, dass den Edward dëse Wanter net méi muss dobausse schlofen. De Saverio Rella, Streetworker vu collecDIFF, mécht sech Suergen.

"Vum leschte Wanter op dëse Wanter huet säi Kierper e bëssen degradéiert, wann ech dat esou ka soen. E mécht mer Suergen. Ech fäerten iergendwann iwwerlieft en e Wanter net, wann en esou weider fiert. E gëtt ëmmer méi al an e schléift dobaussen."

Den "Differdange Song" huet dem Edward rëm bëssen Hoffnung ginn. An eng Beschäftegung, déi him Freed mécht. Mam Lidd an dem Clip wëllen si och op dem Edward seng Situatioun opmierksam maachen, an op déi vun anere Sans-Abrisen. Besonnesch elo virun der kaler Joreszäit. Et gouf och eng Spendenaktiounen lancéiert. Ween do matmaache wëll, kritt all déi néideg Informatiouen ënnert der Nummer 621 467 353.