Net méi spéit wéi en Donneschdeg, den 1. Dezember, huet sech d’Gemeng Helperknapp bereet erkläert, den Télévie fir d'Editioun 2023 ze ënnerstëtzen.

Den 18. November war de grousse Lancement vun der Editioun 2023 vum Télévie an der Emissioun Live! Planet People. Bei den iwwer 120 Invitéë waren d’Responsabel aus den Zentre vun dësem Joer, esou wéi d’Chercheuren aus de verschiddene Laboratoiren hei zu Lëtzebuerg an natierlech och vill Benevollen, déi den Télévie Joer fir Joer ënnerstëtzen.

An der Emissioun goufen déi nei Zentre fir d'Editioun 2023 virgestallt, dorënner d'Gemeng Déifferdeng a Schëtter an natierlech de Centre de Promesses Permanent Rodange. D'Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, Christiane Brassel-Rausch, esou wéi och de Buergermeeschter vu Schëtter, den Här Jean-Paul Jost, hunn um Mikro vum Pitt Wagner hiert Engagement ausgedréckt an dat zesumme mat hire Veräiner, Schoulen a Matbierger.

Am Interview hat d'Coordinatrice vum Télévie, Diane Wunsch, schonn ugedeit, dass sech eventuell nach eng véiert Gemeng als Centre de Promesses géif uschléissen. Net méi spéit wéi en Donneschdeg, den 1. Dezember, huet sech d'Gemeng Helperknapp bereet erkläert, fir dësen Challenge unzehuelen. Domadder sinn et am Joer 2023 am ganze véier Gemengen, déi Spende sammele fir d'Recherche géint de Kriibs zu Lëtzebuerg. E ganz grousse Merci un dës Zentren, dass si den Télévie ënnerstëtzen.

Wann och Dir der Hoffnung wëllt eng Chance ginn, kënnt Dir um Site vum Télévie Ären Don maachen.