Nodeems leschte Mount Monnerech dru war, gëtt elo Déifferdeng als 8. Gemeng an de Mëttelpunkt geréckelt an heivir hu si sech sou Munches afale gelooss...

Am Ganzen hu si dëst Joer eng 80 verschidde Manifestatiounen am Kader vun Esch2022 organiséiert. Ee vun hire Projete sinn déi sougenannten "DifferDanceDays", déi, wéi den Numm et scho seet, d'Danze sollen an de Virdergrond setzen a gläichzäiteg de Leit d'Geschicht vun Déifferdeng an d'Prämisse vun der Gemeng an en neit Liicht setzen. Heivir ginn am Ganze fënnef Evenementer organiséiert, dorënner dann och de Spektakel "In Transit Dance Time". Dëse gouf vum Danzkollektiv "Lucoda" wärend der Mobilitéitswoch an den Déifferdenger Busser organiséiert. Den 22. Oktober ass dann nach de "Bal Dansant", wou d’Awunner vun der Gemeng selwer kënne mat danze kommen.

An der Tëschenzäit steet awer nach sou Munches zu Déifferdeng un. Zum Beispill um ale Bauerenhaff "Lommelshaff", och "Goullonshaff" genannt. Hei gëtt tëschent dem 27.September a 4.Oktober d'Theaterstéck "Terre ferme" organiséiert. D'Stéck zielt d'Geschicht vun der Boma, déi nach um "Lommelshaff" wunnt, vun där awer déi ganz Famill iwwerzeegt ass, dass si senil ass. Dowéinst gëtt dann eng ganz Famillje-Reunioun aberuff, un där een als Spectateur och deelhëlt, dat heescht et gëtt mat g'iess an et geet ee mat iwwer de ganze Bauerenhaff fir sech de verschiddene Familljememberen hir Iddie fir den Haff unzelauschteren. Eng waarm Jackett ass also net verkéiert anzepaken.

D'Stéck baséiert sech gréisstendeels op Temoignage vun der Famill Lommel a Leit, déi Erënnerungen un de "Lommelshaff" hunn. Vue dass een awer och allgemeng Themen, ewéi Agrikultur a Problemer déi mat der Agrikultur zesummenhänken, wollt thematiséieren, huet een och aner Baueren aus Lëtzebuerg an de Nopeschlänner interviewt.

Méi Informatiounen an Tickete ginn et op hirem Site. De ganze Programm vun der Gemeng Déifferdeng gëtt et hei.