Kënnt "la plus belle voix 2023" aus Lëtzebuerg?
Eng 50 Sänger a Sängerinne goufen op hir Video-Bewerbung hi fir den The-Voice-Casting op Déifferdeng an de Creative Hub agelueden.
Organiséiert gouf dat Ganzt zesumme mat der Stad Déifferdeng an dem franséische Radiosender Direct FM. D’Kandidaten, déi um Casting iwwerzeegt hunn, konnten en Ticket fir déi grouss Fernsee-Show um TF1 gewannen.
Et war awer net déi éischte Kéier, dass et e Casting fir de franséischen The Voice an The Voice Kids zu Lëtzebuerg gouf. De Castingdirekter Bruno Berberes géing gären heihikommen. Virun allem impressionéiert hien déi Lëtzebuerger Kultur an de Fait, dass vill Awunner frankophon wieren.
Ob déi beschte Stëmm dann elo aus Lëtzebuerg kéint kommen, dat kann a wëll een nach net verroden. Et wier awer deen een oder anere Kandidat dobäi gewiescht, dee ganz gutt gesongen hätt.