Offall benotzen, fir eppes Neies ze kreéieren: Dat ass dem Kënschtler Artur Bordalo wichteg a senge Wierker.

Den Ament lafen zu Déifferdeng d'Preparatiounen am Kader vun "Urban Art", e wou all Joers méi eppes Gréisseres opgeriicht gëtt.

Si ass awer elo schonn zu Déifferdeng vun der Strooss aus ze gesinn, virum 1535 Creative Hub. Eng Statu vum portugisesche Kënschtler Artur Bordalo, déi e lokaalt Deier, de Marder, duerstelle soll, esou d’Réjane Nennig vum Centre Culturel régional Aalt Stadhaus.

Lokal ass och d’Konstruktioun vun der Statu. No engem Opruff hu Firmen an d'Leit ronderëm hiren ale Plastik liquidéiert, dohannert stécht u sech e Message, deen d’Gemeng Déifferdeng iwwermëttelen wëll: "Zero Waste" spillt ëmmer méi eng grouss Roll an eiser Gesellschaft. Esou wëlle se domadder opmierksam maachen, dass een och Konscht aus eppes maache kann, wat anerer als Dreck bezeechnen.

A minutiéiser Aarbecht a och mat vill Improvisatioun muss den Artur Bordalo dat, wat hien um Pabeier doheem als Skizz preparéiert huet, elo um Terrain zu Déifferdeng realiséieren. An do ass all eenzelt Stéck Plastik, wat fir eisereen Offall wier, fir hien awer noutwenneg.

D'Helmer, du weess, dass de déi fir d’Aen brauchs, du weess, dass de Schläich herno brauchs, fir hei ronderëm d’Aen, fir him eng Expressioun ze ginn, mä dann ass et awer och vill Freestyle, du muss mat de Faarwe spillen, déi s de hues, kucken, wat fir Faarwe besser beienee passen. Jo du plangs ëmmer grouss virdrun, mä herno ass et vill Freestyle gefrot, fir et ze maachen.

Lues a lues gëtt de Marder ëmmer méi imposant an och faarweg.